BIO-Botschafter 2026

Véier Produzenten. Véier Konsumenten. Aacht Geschichten. Ee gemeinsame Stolz.

Greg Colling - BIO-Bauer, Karelshaff

BIO setzt sech fir Déierewuel an

Um Karelshaff zu Colmar-Bierg lieft de Greg Colling, ee BIO-Bauer aus Iwwerzeegung. Schonn zanter 2001 gëtt de Betrib no de BIO-Richtlinnen bewirtschaftet an de Greg setzt sech all Dag fir Respekt virun Déier, Mënsch an Natur an. Seng Limousin-Ranner an Hénger wuessen an engem natierlechen Ëmfeld op. Si hu vill Plaz op de Wisen, genuch Beweegung an héichwäertegt BIO-Fudder.  De Greg ass iwwerzeegt: Nëmmen Déieren, deenen et gutt geet, liwweren eng aussergewéinlech Fleeschqualitéit.


Marc Thiel – BIO-Imker

BIO schaaft Biodiversitéit

De Marc ass Imker, sou wéi et schonn säi Bopa a säin Monni waren. Zweemol am Joer ernt hien Hunneg vu senge Beien: ee hellen Fréijoershunneg, an ee méi donklen Summerhunneg, deen méi kräfteg schmaacht. Ronn 1.600 Glieser pro Joer fëllt hien mat Hëllef vun der Famill an a verkeeft en an der Regioun. Fir de Marc ass Bienenhaltung artgerecht oder guer net. Vun Ufank un huet hien seng Imkerei BIO-zertifizéiert.


Mathieu a Nicolas Schmit-Fohl - BIO-Wënzer, Domaine Schmit-Fohl

BIO an Traditioun am Wäibau

Zanter siwe Generatiounen mescht d'Famill Schmit-Fohl Wäin zu Ohn op der Musel. Déi zwee Bridder Mathieu a Nicolas hunn de Betrib iwwerholl an direkt aus Iwwerzeegung op biologesche Wäibauemgestallt, an dat mat Ennerstetzung vum Papp. Hirt Zil: d‘Ierwschaft vum Wéngert schützen, andeems se de Buedem an d’Wäiriewen esou behandelen, dat de Wéngert och fir d’zukünfteg Generatioune gesond an ertragsräich bléift.


Pol Fischbach - BIO-Landwirt, Biohaff Fischbach

BIO fir méi Gesondheet an Natur

Dem Pol seng Eltern hunn de Biohaff Fischbach zu Äischer1996 gegrënnt. Ugebaut ginn ënner annerem Gromperen, Muerten, Roud Rommelen, Zwiwelen. Alles ouni Pestiziden, ouni chemesch-syntheteschen Dünger, mee mat ganz vill Handaarbecht. Een Hektar Muerte kann bis zu 800 Stonnen Feldaarbecht bedeiten. Pol mescht dat trotzdeem: well BIO funktionéiert a well een dat um Schluss schmaacht.


Kirsty von Boch - Food Journalistin

BIO ass méi wéi Iessen - et ass e Liewensstil

Kirsty schreift fir Kachen a gehéiert zu der 9. Generatioun vun der Famill von Boch, ee vun de Grënnerfamillje vu Villeroy & Boch. Fir si ass Kachen mat BIO selbstverständlech an am léifste probéiert si och néi Rezepter aus. Als Food-Journalistin ginn déi Rezepter och am Iessensmagazin KACHEN reegelméisseg publizéiert, mee et si schreift och iwwert Theme wéi Health & Wellness. Si kacht mat dem Wëssen, datt gutt Zutaten d'Basis vun enger gudder Muelzecht sinn.


John Schlammes – Expert fir Ayurveda a Yoga

BIO fir d'Séil an de Kierper

John weist a sengem Beruff, wéi wichteg et ass bewosst ze liewen. Hie ënnerricht Yoga, léiert Ayurveda an organiséiert Retreats. D‘Zutaten sinn den Ausgangspunkt: wat ass saisonal, wou kënnt et hier, wat mécht et mam Kierper. BIO ass fir de John eng Viraussetzung fir getrei den Ayuverdesche Prinzipien ze kachen. Wat hien an sengem Gaart ubaut an an der Kichen verschafft, ass Deel vun dëser Philosophie.


Steve Lentz - Chef-Koch im EHTL

Ech kache mat BIO - well Qualitéit zielt

De Steve Lentz ass Léierpersonal an der École Hôtelière EHTL zu Dikrech a gouf 2024 bei der Global Chefs Challenge zum bäschte vegane Kach vun der Welt gewielt. Hie bilt zukünfteg Kichepersonal aus a bréngt hinne bäi, datt eng planzlech Kichen op Qualitéit ugewisen ass. Wie mat Tofu, Geméis a Seitan kache wëll, brauch gutt Produiten. De Steve kacht awer och traditionell mat Fleesch a Mëllech Produiten. Him ass et wichteg, dat d’Fleesch BIO-zertifizéiert an domat d’Qualitéit garantéiert ass.


Aurélie Wagener – Influencerin

Ech kafe BIO, well ech dem BIO-Siegel vertrauen

Fir d‘Aurélie gehéiert den Akaf am Naturata-Supermarché zum Alldag. Hatt keeft BIO, well hatt weess, wat dohannert steet an dat just dat dran ass, wat drop steet. Wat fir munch no Effort kléngt, ass fir hatt normal: him ass et wichteg ginn eng informéiert Entscheedung ze treffen, speziell nodems hatt gesondheetlech Problemer hat a gemierkt hued, dat BIO-Liewensmëttel him um Wee vun der Besserung hëllefen.